Vereedegung vum Tom Graas am Gemengerot

Publié le

Dem Tom Graas seng Ried, wéi hie säi Mandat als Conseiller vun der Gemeng Miersch ugetratt ass

·       Am Fong sinn ech jo en „ale Mierscher“ … meng Grousselteren hu schonn hei gewunnt…an der Servais-Strooss…a meng Mamm war laang Joere Spillschoulsjoffer hei am Duerf. Meng Elteren hu fir d’éischt um Mierscherbierg gewunnt, duerno um Pëttenerwee, éier se am Réimerwee gebaut hunn…mäin Elteren-Haus, also, an deem ech elo zënter 3 Joer nees wunnen.

·       Virdrunn hunn ech bal 30 Joer laang, no menge Studien zu Stroossbuerg, net méi hei zu Miersch gewunnt. Ech hunn Etappen an der Stad, zu Buerglënster an zu Koplescht gemaach! Virun allem iwwert meng Mamm hat ech awer natierlech ëmmer nach Kontakt mat Miersch.

·       A Miersch ass jo apaart flott wann ee frou mam Bësch ass, déi Bëscher, besonnesch ronderëm d’Mamerlayen, kennen ech gutt aus mengerZäit an de Scouten, a se gefale mer ëmmer nach, wann ech elo mat mengem Mountainbike do ënnerwee sinn.

  Vu Beruff sinn ech dat, wat een ee „Quereinsteiger“ nennt. No bal 30 Joer Journalismus op Radio an Telé sinn ech elo Enseignant, fir Franséisch a Geschicht an der École de la 2ème Chance. D’läscht Joer hunn ech de Proffeconcours gemaach an ech sinn elo duerfir zënter läschtem September nees d’Halschent vun der Woch op der Uni. Nach ee Wuert vläicht zur E2C, well dat jo eng nei Schoul ass: eis Schüler si Jonker, vun Uganks 20, déi aus verschiddenen Ursaache mat der Schoul opgehalen hunn an duerno erkennen, dass et awer besser ass, een Oofschloss ze hunn. Et sinn also motivéiert, jonk Erwuessener mat deenen et Freed mécht, fir ze schaffen!

·       Dass ech haut elo hei sëtzen verdanken ech awer an éischter Linn dem Claude Adam…hien huet mech virun 3 Joer encouragéiert, fir op der grénger Lëscht mat an d’Wahlen ze goen…an hien huet mer jo elo och d’Geleeënheet ginn, fir an de Gemengerot nozeréckelen.

·       An dass ech elo zum richtege Moment derbäi gestouss sinn, ass mer viru kuerzem bewosst ginn, wéi mer hei d’Pläng fir de Réaménagement vum Zentrum vu Miersch présentéiert kruten. Do sinn esou vill exzellent an nohalteg Iddien dran, an ech mengen, ech schwätzen do och am Numm vu menge Fraktiounskolleegen, dass de Schäfferot sech der Ënnerstétzung vun deene Grénge sécher ka sinn.

·       Nach ee Wuert zu enger Saach, déi mer ganz wichteg ass!

Ech sinn zënter Joeren bei der ASTI aktiv an do och Member vum Verwaltungsrot! Dat gutt Zesummeliewe vu Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger hei an der Gemeng läit mer also besonnesch um Häerz! Dass do villes gutt leeft hunn ech läschte Freideg op deem flotte marokaneschen Owend zu Biereng gesinn. Mä trotzdeem gëtt et awer eng grouss Erausfuerderung: an zwar wat déi politesch Partizipatioun vun den Net-Lëtzebuerger hei an der Gemeng ubelaangt.

·       An enger rezenter Etude vum CEFIS (Centre d’études et de formation interculturelles et sociales) goufen d’Gemengewahlen vun 2011 ënnert deem Aspekt analyséiert. Wat den Taux d’inscription vun den Net-Lëtzebuerger  fir déi Wahlen ubelaangt, läit d’Gemeng Miersch mat just 13% landeswäit nëmmen op der véiertläschter Plaz. Domadder haten d’Net-Lëtzebuerger 2011 bei eis ee„poids électoral“ vun nëmmen 8%...opscho si bal 40% vun den Awunner vun der Gemeng ausmaachen. Den Taux d’inscription fir ganz Lëtzebuerg läit iwregens bei 17%.

·       Den 8te Februar ass den nationalen Dag fir d’Aschreiwungen vun den Net-Lëtzebuerger op d’Wahllëschten fir d’Europawahlen vum 25. Mee. Deen Dag huet d’Mierscher Gemeng hier Dieren net op. Dat ass Schued…an ech hoffen, dass mer eis dann den 23te Februar op eiser Fête de l’Europe, mat de Gemengen aus dem Uelzechtdall, an deem Sënn rattrapéieren!

·       Voilà, ech kommen zum Schluss…mat der Ausso, dass ech mech der kritescher awer konstruktiver Oppositiounspolitik vu menge grénge Fraktiounskollegen natierlech uschléissen a mech op eng gutt Zesummenaarbecht hei am Conseil freeën!

Merci, fir Är Opmierksamkeet!!!