Wéi mir den 8. Januar am Gemengerot argumentéiert hunn

Publié le

Point 1: Déclaration échevinale: discussion

 

Zum Koalitiounsaccord 2017-2023:

1)     Ennert dem Punkt “Aménagement communal et développement urbain” schreiwt déi nei Majoritéit:

- accroissement contrôlé de notre population d’approx. 1,0%/an.

Mir versti mam beschte Wëllen net, wéi dat soll goen! Kuckt iech mol déi Tabell mam Wuestum vun der Gemeng Miersch un! Fir d’Joer 2018 ass ee Wuestumm vum 3% virgesinn. An da stinn 140.000 m2 “surface construite” um Site vum Agrocenter (Rives de l’Alzette) am Koalitiounsaccord, an et steet dran, datt d’Consultation rémunérée “En neit Gesiicht fir (den Zentrum vu) Miersch” soll schnell ëmgesat ginn.

Mir sinn der Meenung, datt d’Populatioun zu Miersch däitlech méi séier wiist, wéi déi 1%, déi hei anscheinend ugepeilt ginn. An dat misst Konsequenzen fir déi ganz Entwécklung vun der Gemeng hunn: Wéi schnell mussen d’Gemengeservicer wuessen, wéi séier brauche mer neie Schoulraum an nei Sportinfrastrukturen, wéi steet et mat eisen Drénkwaasserreserven …  ? Ee Wuestum vun 1% entsprecht net der Realitéit. Mir däerfen eis Politik iwwert den “aménagement communal et développement urbain” net op esou falschen Aschätzungen opbauen.

 

 

2)     Am Kapitel “circulation et transports publics” fanne mer deelweis Punkten aus dem Koalitiounsaccord vun 2011 erëm: "Introduction de zones 30 km/h pour certains quartiers, rendre certaines routes plus sûres pour les usagers, Parkraum-Management, pistes cyclables Mersch-Schoenfels et Reckange-Brouch, amélioration du service “Flexibus”… . Vläicht huet déi al Koalitioun jo awer net grad esou gutt geschafft, wéi si ëmmer mengt?

Eis feelt et un enger Gesamtvue: Parkraummanagement kann net just als Zil hunn, fir méiglecht vill nei Parkplazen ze schafen. Et geet virun allem drëm, de Parkraum, deen do ass, sënnvoll ze notzen. Déi Mierscher Majoritéit wëll sech fir eng "Tangeante ouest" vu Miersch op Keespelt asetzen a fir e kompletten Accès un d’A7 beim Kannerduerf. Dat ass hiert gutt Recht. Mir wiere scho frou, wann d’Opfaart vun Récken aus op d’Nordstrooss kéint verlängert a méi sécher gemeet ginn. Egal wéi eng Parteien déi nächst Regierung stelle, gleewe mir net drunn, datt eng "Tangeante ouest" Prioritéit kritt. Mir fannen allerdings och, datt mir eis Verkéiersproblemer net alleguer mat neie Stroossen kënne regele, mee datt mer duerch eng intelligent Raumplanung sollen an der Gemeng kucken fir selwer manner Verkéier ze produzéieren, z.B. duerch méi dezentral Schoulen an an den Uertschaften déi douce Mobilitéit förderen. Mir sinn als déi gréng iwwerzeegt, datt mer eng Mobilitéitspolitik brauchen, déi all Verkéiersmëttelen mat aplangt.

 

3)     En neie Schoulcampus!

2011 stung un éischter Stell: “Mesures préparatoires en vue de la réalisation d’un 3ième campus scolaire avec maison relais et hall omnisports du côté de l’Alzette.”

2018 si mer nach net méi wäit ewéi 2011. Leider schingt d’Majoritéit esou guer nach ee Schrëtt zréckgaang ze sinn. Elo steet un éischter Stell de Reamenagement vum Schoulsite Albert Elsen. Fir eis ass dat net ze verstoen.

       Do stelle sech eng ganz Rei fundamental Froën:

  • eng ze dicht Bebauung vun engem Site direkt beim historeschen Zentrum, wat d'Schlass ugeet
  • de Verkéier duerch d'Mierscher Geschäftsstrooss (Widdersproch mam 'Shared space') an duerch d'Zone 30 am  Wunnquartier Mies geet nach weider erop, aplaz erof ...
  • de Parkproblem beim Kierfécht gëtt nach méi grouss wéi en elo schon ass
  • eng Konzentratioun vun zeville Kanner um Site A. Elsen: Onrou besonnesch an de Pausen, Steigerung vun aggressivem Verhalen ...)
  • wou spillen d'Kanner an der Paus oder ier d' Schoul ugeet, en 'Haff um Dag' wäert jo wuel keng Alternativ sinn?
  • wann dat 'aalt' Gebai A. Elsen vun 1983 ofgerappt gëtt, wuer ginn dann d'Schüler verdeelt - op de Krounebierg an déi nei Maison-Relais, bei de Silo an d'Containere vum        Script, wou schon d'Studente vum LCD e puer Joer wéint hirem Neibau wäerte schaffen?

 Fir eis misst weiderhinn fir d’éischt een drëtte Schoulsite gesicht a fonnt ginn. All aner Léisung bréngt vill provisoresch Iwwergangsléisungen mat sech, déi alleguer hire Präis hunn. Schoul- a Sportsinfrastrukturen sollen an eisen Aan matenee geduecht a geplangt ginn.

Mir si ganz frou, datt de Schefferot zwee Aarechtsgruppe wëll schafen: een iwwert de “Campus sportif Mierscherbierg” an een iwwert de “Campus scolaire centre”.   Mir hoffen hei op ee konstruktiven an oppenen Dialog vun alle Säiten.

 

4)     Environnement et politique énergétique

Hei bedauere mir un éischter Stell, datt duerch all déi Mesuren, déi am Koalitiounsprogramm stinn, kee politesche Wëllen z’erkennen ass, Emwelt- a Klimapolitik eescht ze huelen.

Och mir sinn eis eens, datt d’Gemeng Miersch alleng net kann d’Welt an de Weltklima retten. Mee dat däerf eis awer net drunn ofhalen, eng verantwortungsvoll Politik ze maachen.

Am Koalitiounsaccord steet: “Sensibilisation de la population et surtout des élèves de nos écoles aux valeurs écologiques et de la problématique Nord-Sud.” Wat dat konkret heescht, steet net do. 2011 hat déi selwecht Majoritéit nach ee konkrete Projet uviséiert: D’Schafung vun enger Bëschcrèche. Déi flott, interessant Iddi ass fale gelooss ginn, firwat? Et fällt kee Wuert iwwert biologesch Liewensmëttel an eise Schoulrestauranten. Esouguer de Begrëff “Mobilité douce” gëtt evitéiert. De Klimapakt gëtt net ernimmt, genee esou wéineg de Fait, datt mer eng Fairtrade Gemeng sinn. Wëlle mer dat iwwerhaapt nach bleiwen? Wéi mer iwwert d’Aarbechtsgruppen an d’Kommissiounen geschwat hunn, ass den Begleetgrupp Fairtrade net ernimmt ginn. Datselwecht gëlt fir de Klimagrupp.

Mir hätten eis gewënscht, datt och de Räichtum, d’Notzen an d’Erhalen vun eise Bëscher eng Zeil am Koalitiounsprogramm kritt hätten.

Mir wiere frou, wann eise Service écologique ging ausgebaut ginn.

 

5)     Coopération régionale

Mir sinn der Meenung, datt eng regional Zesummenaarbecht wichteg ass. Mir begréisse prinzipiell all déi Punkten, déi d’Koalitioun ënnert dësem Punkt opzielt. Och wann all Austausch säin Notze kann hunn, mir sinn der Meenung, datt virun allem d’Zesummenaarbecht an der "Conventioun Uelzechtdall" prioritär misst sinn.

  • D’Beméiungen, den Austausch mat de politesch Responsabelen aus dem Kanton Miersch auszebauen haten déi läscht 6 Joer kee Succès. Dat huet bestëmmt eng Rei Ursaachen, d'Interessien sinn zimlech verschidden … .
  • D' “Continuation de la Convention de la Vallée de l’Alzette” schingt eis awer keng Léisung, an d’Majoritéit misst dat eigentlech och wëssen. Déi Conventioun ass eng Zort Pilotprojet gewiescht, an do mussen Decisioune geholl ginn: Maache mer weider, och wann de Ministère sech net méi an der selwechter Form bedeelegt? Wéi wäit wëllen déi 5 Gemengen zesummeschaffen? Wéi ass et mat gemeinsamem Personal? Wat sinn niewent Museksschoul a Velosstänneren nach Projeten, déi besser zesummen ewéi fir all Gemeng eenzel kënne geléist ginn?
  • Eng Iddi déi mir wéilte bäisteieren: Wier et net interessant, wann déi 5 Gemengen sech gingen zesummendoen, fir eng Gesellschaft ze grënnen, déi Wunnengen baut, verlount an och d’Gestioun mécht? Datt Bedarf um Terrain ass, do misste mer eis eens sinn. Datt eng Gemeng alleng dat net ka stemmen och. Mee hei schwaetze mer vun engem Raum, wou demnächst 30.000 Mënsche liewen.

Déi gréng wëllen sech aktiv a konstruktiv an der Gemengepoltitik an am Gemengerot abréngen. All Gemengeconseilleren hunn déi selwecht Motivatioun: am Intérêt vun de Leit, déi hei wunnen a schaffen, hiert Bescht ze maachen. Mir mussen net ëmmer enger Meenung sinn. Divergenzen gesi mir als Beräicherung, allerdings ënnert enger Konditioun: Mir däerfen alleguer net de Respekt vrun dem anere verléieren, mir sollen eis Meenung soen, awer och dem anere seng Meenung lauschteren, mir mussen Faarw bekennen, awer och bereet sinn, Waaser an de Wäin ze schëdden.

An enger Gemeng ass et de Schefferot, deen d’Musek mécht, an de Gemengerot ka just mat danzen oder et léisst et sinn. Mir hu keng Loscht am Eck ze sëtzen an ze motzen, duerfir e waarmen Appell un de Schefferot: spillt esou oft ewéi méiglech eng Musek, bei der mir matdanze kënnen.

 

Point 13:

Les trois conseillers déi gréng ont voté contre le budget des recettes et des dépenses extraordinaires de 2017 et 2018.

Le budget extraordinaire est l’expression de la volonté politique de la majorité. Evidemment plusieurs dépenses se retrouvent dans le budget que déi gréng n’ont pas supportées: p.ex. Sas d’entrée devant le Château de Mersch, plusieurs décisions concernant l’évolution des sites scolaires.  Les subventions de l’Etat en relation avec le pacte climat ne sont pas affectées de façon transparente. Les efforts qui soutiennent une politique climatique ne sont pas suffisants, les projets sociaux soutenant les plus jeunes enfants n’existent pas. La mobilité douce ne se retrouve pas dans le volet circulation, mais dans le volet loisir… .

Nous avons constaté que beaucoup de dépenses prévues et accordées dans le budget de 2017 n’ont été réalisées que partiellement ou pas du tout pendant cette année. Evidemment, nous sommes conscients qu’il existe aussi des raisons indépendantes de la volonté du collège échevinal qui expliquent ces retards. Néanmoins, les différences entre les montants autorisés en 2017 et le budget rectifié 2017 sont  souvent énormes et il nous est difficile de croire en une politique efficace du collège échevinal.

Switch to plain text editor

  • Web page addresses and e-mail addresses turn into links automatically.